Grénge Web - Fir eng nohalteg Digitalisatioun
Offizielle Site vum Projet “Grénge Web”: grengeweb.lu
Interview um Radio 100,7 – Grénge Web (09/09/20):
Am November 2020 hu mir eise Projet „Grénge Web“ offiziell fir déi éischte Kéier um Klimapakt-Dag 2020 presentéiert.
Beim Projet geet et drëms eng méi nohalteg Approche vum Internet ze promovéieren. Mir konzentréieren eis heibäi virun allem op de Gebrauch vun Daten, Software, Hardware an Notzerverhalen. Et geet drëms ze erkennen, datt digital Date Ressourcë verbrauchen an deemno och en Impakt op eis Ëmwelt hunn.
Wéi kann een also säin „digitalt Liewen“ sou nohalteg wéi méiglech gestalten?
Dëse Projet huet 3 Approchen :
1. Zertifizéierung mat engem „Grénge Web“-Logo fir Internetsäiten, déi sech mat dëser Thematik beschäftegt a konformiséiert hunn
2. Sammele vu gudde Beispiller déi eng nohalteg Approche um Internet erméiglechen
3. Vernetzung vun Experten an Interesséierten, déi sech iwwert dës Thematik austausche wëllen
De Moment befënnt sech de Projet nach an der Pilot-Phase. Mir informéieren iech soubal dëse Projet fir jiddereen accessibel ass.
Fir méi iwwert de Projet gewuer ze ginn, besicht déi offiziell Internetsäit oder schreift eis.