Formatioun: Energieeffizient Dateveraarbeschtung
De Mëttwoch, 16. Juni vun 09h00 bis 12h00 organiséiere mir zesumme mam CNFPC eng Formatioun zum Thema “Energieeffizient Dateveraarbechtung” fir Gemengen, Entreprisen an Organisatiounen.
Ziel vun der Formatioun ass et den ekologeschen Impakt vun eisem Internetverhalen duer ze leeën a spezifesch Mesurë fir dësem Impakt entgéint ze wierke kënnen ze léieren.
De Contenue vun der Formatioun:
- T´Benotze vum Internet huet een direkten Impakt op eist Klima
- Den Transfert vun Daten an seng Visualiséierung benéidege Stroum an aner Ressourcen
- Am Cours gi konkret Handlungsméiglechkeete virgestallt wéi dësen Impakt verbessert ka ginn, sou wéi déi weider Schrëtt zu engem Green Office