D’EBL ass elo SDK Label priméiert!
Den Tätegkeetsbericht fir d'Joer 2025 vun der EBL ass do
Ëmgang mat Harespelen (Dossier)
E neie Gutt Geschier Punkt zu Minsbech
D'EBL ass geplënnert - Nei Adress
Ëmweltberodung Lëtzebuerg gëtt Projektkoordinator fir „Green Events“
E Reseau fir den Ëmweltschutz zu Lëtzebuerg
De Grénge Fuedem - D'Newsletter mat de Grénge News
De liewege Buedem - Buedemkoffer
Mir si frou, Iech matzedeelen, dass d’EBL den SDK-Label fir Betriber kritt huet – eng Auszeechnung fir eng nohalteg an ëmweltbewosst Offallgestioun.
De Label gëtt nëmmen u Betriber verginn, déi héich Ufuerderungen an der Offallvermeidung, Offalltrennung a Ressourcegestioun erfëllen. Dobäi stinn den Engagement vun de Mataarbechter, eng transparent Recyclingspolitik an e verantwortungsvollen Ëmgang mat der Ëmwelt am Mëttelpunkt.
Informatiounen an Tipps fir d'Zesummeliewe mat den Harespelen.
Säit Mäerz gëtt et e neie Gutt Geschier Punkt am RC zu Minsbech! Ganz onkomplizéiert kann een sech gebrauchten Handwierksmaterial ausléinen an ëm domat eng zweet Chance ginn - esou ka jiddereen dovu profitéieren an d'Ressource gi geschount!
D’EBL fannt Dir elo säit Dezember 2026 am Zentrum vun der Stad, direkt bei der Adolphesbréck 🌉
Nei Adress : 63, Boulevard de la Pétrusse L-2320 Luxembourg
D‘Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl (EBL) ass säit Januar 2026 offiziell Koordinateur vum Projet „Green Events“. Dëst fir d‘Ënnerstëtzung vun nohaltege Veranstanstaltungen auszebaue, mam Zil, Eventer am ëffentlechen a privater Secteur méi ëmweltfrëndlech ze gestalten.
De Grénge Fuedem vun der EBL ass d'Newsletter, déi Iech erméiglecht en Iwwerbléck iwwert EBL-Aktivitéiten ze behalen an iwwer allgemeng Ëmwelttheemen an Eventer bericht.
Eisen neie pädagogesche Koffer iwwer de Buedem ass do !
De Koffer erlaabt et, an déi faszinéierend mee nach ganz wéineg thematiséiert Welt vum Buedem anzedauchen. D’Kanner léieren duerch interaktiivt Material a Geschier wéi d’Beobachten an d’Beréiere vum Buedem ganz vill Geheimnisser lëften kann (wou kënnt de Buedem hir, aus wat bestinn seng verschidde Schichten, wéi niert en d’Planzen, a villes méi).
De Koffer kann ab dem 1. Abrëll ausgeléint ginn.
Méi doriwwer an d'Infografik fannt dir op eiser Websäit ënner "Projeten"
Infografik unter "Projekte" auf unserer Webseite