EBL-Infografik

Mat Hëllef vun Infografiken dem Bierger Energie- an Emwelttheme méi no bréngen!
Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddien si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 4 Sproochen: LU, DE, FR, PRT
  • Personaliséierbar mam Gemengelogo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

 

Dir wëllt um Projet deelhuelen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

 

 

Den Internet verbraucht weltwäit souvill Energie ewéi ongeféier 350 mol de ganze Stroumverbrauch vu Lëtzebuerg. Eng digital Donnée (Mail, Download, Video, Web-Sich …) geet am Duerchschnëtt iwwert eng Distanz vu 15000 Km. Dësen Datentransfert representéiert eng grouss Meng un Energie, mee wann ee sech richteg uleet, da kann een den Energieverbrauch limitéieren. Dat weist Iech eis nei Infographik – entstan an Zesummenaarbescht mam Ëmweltministère (MECDD) – mat 7 praktesch Schrëtt zum ekologeschen Internetverbrauch.

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL