Mir konzentréieren eis op eng méi nohalteg Approche vum Internet 🌐🌿


Och wann engem den Internet net direkt bei den ëmweltschiedlechen Elementer an de Sënn kënnt, huet en en héijen negativen Impakt. Dowéinst hu mir zesumme mat Autisme Luxembourg asbl a mat Moloko Studio de Grénge Web virun e puer Joer op d’Bee gestallt. Mir ginn de Betriber an den Organisatiounen d’Méiglechkeet, hir Websäit méi ëmweltfrëndlech ze gestalten an eppes fir hir RSE (Responsabilité Sociétale des Entreprises) ze maachen. Mir konzentréieren eis heibäi virun allem op de Gebrauch vun Daten, Software, Hardware an Notzerverhalen. Et geet drëms ze erkennen, datt digital Date Ressourcë verbrauchen an deemno och en Impakt op eis Ëmwelt hunn. D’Analys gëtt vun engem Suivi an engem Zertifizéierende Logo begleet.

 

Wéi kann een also säin „digitalt Liewen“ sou nohalteg wéi méiglech gestalten?

1. Zertifizéierung mat engem „Grénge Web“-Logo fir Internetsäiten, déi sech mat dëser Thematik beschäftegt a konformiséiert hunn. (Eng onverbindlech Analys vun Ärer Websäit kënnt Dir hei machen. )
2. Sammele vu gudde Beispiller déi eng nohalteg Approche um Internet erméiglechen
3. Vernetzung vun Experten an Interesséierten, déi sech iwwert dës Thematik austausche wëllen

 

Méi iwwert de Projet op www.grengeweb.lu

 

 

Interview um Radio 100,7 – Grénge Web (09/09/20):