Campagne “Ouni Pestiziden”
Wat mécht d’Campagne “Ouni Pestiziden”?
D’Campagne “Ouni Pestiziden” gëtt vun ëm déi 20 Lëtzebuerger Partner ënnerstëtzt, déi am Ëmweltberäich täteg sinn a soll d’Ëffentlechkeet iwwer déi schiedlech Auswierkunge vu Pestiziden op Natur an Ëmwelt an op d’Gesondheet vun de Mënschen opmierksam maachen an alternativ Fleegemethode fir ëffentlech a privat Flächen opweisen. D’Haaptzil vun der Campagne besteet doranner, déi besteeënd Siichtweisen, onrealistesch Idealer an déi agebiergert Aarbechtsmethoden a Bezuch op Pestiziden ze verännere fir d’Biodiversitéit méi ze fuerderen an dëst ouni Asaz vu cheemesche Mëttelen (op kommunalem a privatem Niveau). D’EBL ass de Koordinator vun der Campagne.
Am Kader vun der Campagne Ouni Pestiziden sinn zwou Aarbechtsgruppen entstanen:
- Den Aarbechtsgrupp “Pestizidfräi Staudeproduktioun” asetzt sech an, fir eng national Staudeproduktioun opzebauen. Momentan ginn d’Stauden gréisstendeels aus dem Ausland importéiert.
- Den Aarbechtsgrupp “Naturnoe Gaart” versicht d’Konzept vun engem naturnoen an ëmweltfrëndleche Gaart lokal ze promouvéieren
Offizielle Site vun der Campagne: www.ounipestiziden.lu
–> Fir méi Info-Material, Good-Practice-Beispiller, Uleedungen a villes méi.
Interview um Radio 100,7 – E schéine Gaart ouni Pestiziden (02/09/20):