Am Kader vun der Kampagne “ouni Pestiziden” gouf vun der EBL an Zesummenaarbecht matt deenen anere Partner eng grouß Ausstellung zum Thema Pestiziden ausgeschafft. D’Ausstellung riicht sech an der Haaptsaach un de grand public, soll awer och Gemengenugestallten oder di politesch Responsabel sensibiliséieren, op d’Gefore vu Pestiziden an Alternativen dozou hiweisen.

D’Ausstellung ass op zwee Deeler opgebaut. Deen éischten Deel ass deen Allgemengen, wou erklärt gëtt wat Pestizide sinn, wou se agesaat ginn a vu weem a wisou se eng Gefor fir d’Ëmwelt an eis Gesondheet duerstellen. Außerdem gett gewise, wéieng Gemenge schon Effort’en a Richtung pestizidfräit Schaffe gemaach hunn. Deen zweeten Deel geet da méi spezifesch drop an, wou am ëffentleche Raum Pestiziden agesaat ginn a virun allem, waat et un Aletrnativen a “Best Practices” gëtt, fir et anescht ze maachen!

 

 

D’Ausstellung ass op Roll-ups verfügbar, déi bei der EBL gratis ausgeléint kënne ginn, fir en Event z.B. Et besteet awer och d’Méiglechkeet d’Ausstellung am PDF-Format ze kréien an se da selwer auszedrucken. Momentan ass d’Ausstellung just op Däitsch verfügbar. A noër Zukunft wäert se awer och op Franséisch an op Portugiesesch (béid als PDF) ze kréie sinn.

Präis fir d’Ausléinen: Gratis

Ufro - Material lounen

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL