Déi pickeg Wourecht hannert de Vältesdagsrousen: Auswierkungen op d‘Ëmwelt am Fokus

Hierkonft vun de Rousebléien

An Europa gi bal keng Rouse fir d’Floristik geziicht: d’Rouse bléien naturgetrei jee no Zort virun allem am Juni a Juli. Eng grouss Unzuel u Schnëttrouse gëtt dohier aus Mëttelamerika an Afrika importéiert. Allerdéngs ginn et ëfters kritesch Stëmme géintiwwer dem Import vun de Bléien aus Länner wéi Kenia an Äthiopien opgrond vun den héijen Ëmweltauswierkungen: d’Rouse gi per Fliger ageflunn a musse wärend dem ganzen Trajet gekillt gelagert ginn sou datt se an engem onbeschiedegten Zoustand ukommen, wat alles anescht wéi ëmweltschounend ass. Mee duerch hier méi spéit Bléizäit huet d’Rous aus der europäescher Zär nach méi schlecht Ëmweltauswierkungen. Den héije Waasserverbrauch, den Energieverbrauch fir d’Hëtze vun den Zären an de Pestizidoffloss vun der Zierplanzenindustrie hunn e wesentlechen negativen Impakt op d’Ëmwelt. Deementspriechend si Rousen aus europäeschen Zäre meeschtens nach méi schiedlech fir d’Ëmwelt wéi déi per Loftfracht importéiert afrikanesch oder amerikanesch Rousen. E Bouquet mat 5 Rousen aus Holland huet beispillsweis en CO₂-Ausstouss vun duerchschnëttlech 32.252 kg, wärend e gläichwäertege Bouquet aus Kenia iwwert 1 kg manner CO₂ emittéiert. Deemno ass den Impakt op d’Ëmwelt anescht wéi et ugangs schéngt.

 

 

Onverzichtbar Pestiziden 

Dobäi si Rousen och vun engem aneren net esou „grénge“ Schicksal betraff: Ouni Pestiziden ass d’Kultur vu Schnëttrousen extrem schwéier. D’Monokultur vun der Rous steet am Widdersproch zu nohaltege Praktiken, well se gezwongenermoosse pestizidbelaascht ass. Well d’Rousen net fir z’iesse sinn, gëllen hei méi douce Virschrëften am Bezuch op Sprëtzmëttel. Europäesch Rouse ginn zwar nëmme mat erlaabte Pestizide behandelt, mee déi agesate Mëttel kënnen trotzdeem Stauchungsmëttel fir d’Behandlung vun de Bléien enthalen oder Substanzen déi allgemeng als endokrinn Disruptore bekannt sinn an direkt Auswierkungen op den hormonelle System vum Mënsch hunn. 

 

 

De Choix vun der Rous 

Trotz dësen ekologeschen Erausfuerderunge gëtt et allerdéngs och positiv Initiativen, wéi de faire Rousenhandel. A villen afrikaneschen Exportlänner stellt de Fair-Trade Label sécher, dass den Asaz vu Pestizide reguléiert gëtt a besser Aarbechtsbedéngungen agehale ginn. Importéiert Rousen aus Länner wéi Kenia, Costa Rica, Äthiopien an Ecuador ginn ausserdeem op grousse Fläche geziicht (ongeféier 2.000-3.000 m²), wat och zu engem onerwaarten Ëmweltvirdeel féiert: Sougenannte Stauchungsmëttel sinn op esou Flächen net néideg. 

All dës komplex Faktore weisen däitlech: Et gëtt keng einfach a perfekt Léisung. Wichteg bleift, d’Rous net nëmmen als Symbol vun der Léift ze feieren, mee och iwwert d’Auswierkungen nozedenken a se méi bewosst ze konsuméieren. Op dës Manéier verwandelen sech d’Affäre vum Häerz an der Nohaltegkeet an eng dauerhaft Léift fir eise Planéit a seng Bewunner. 

 

 

 

 

Quellen :  

BBC
Flowers from the Farm
Gardens Illustrated
International Journal of Environmental Research and Public Health
Kampagne Ouni Pestiziden
Kenya Flower Council
Lëtzebuerger Rousefrënn asbl
SSAW Collective