Dëse flott Seminairen, organiséiert an Zesummenaarbecht mam INAP an Hubert Grobecker vum e&u Energiebüro vu Bielefeld, soll all de Participante Méiglechkeeten opweise fir Energie an den ëffentleche Verwaltungen ze spueren. Dat vun technesche Moossname bis zur Verhalensverännerung vun de Mataarbechter. Schwéierpunkte sinn Energiespueren, Energieeffizienz a Verhalensännerung.

 

Et ginn 3 Seminairen:

„Öffentliche Verwaltung als Energiesparmotor” I (26.01.2022 – 9h00-16h00 – Luxembourg Lifelong Learning Center)

„Energieeinsparung in Gebäuden – praktisches Anwenderwissen für Hausmeister – Aufbauseminar“ II (23.02.2022 – 9h00-16h00 – Luxembourg Lifelong Learning Center)

„Gebäudebegehung“ III (30.03.2022 – 9h00-16h00 – Centre Turelbach Mertzig)

D’Seminaire kënnen och onofhängeg an eenzel gemaach ginn.

 

Umeldung ausschließlech iwwert den INAP méiglech. Jiddereen ass invitéiert. D’Participatioun ass fir all Gemengenemployé(e) a –beamte gratis.