Pädagogesch Atelieren, Opféierungen a Material fir Schoulklassen

 

D’EBL bitt eng ganz Rei Workshoppen an Opféierunge fir Schoulklassen un iwwer vill verschidden Ëmwelttheemen. Nieft dësem Sensibiliséierungsmaterial ass et awer natierlech och ëmmer méiglech, eng personaliséiert Ufro ze schécken. D’EBL versicht ëmmer sou gutt wéi et geet op Ufroen anzegoen.

Déi aktuell Workshoppen traitéieren d’Theema Kreeslafwirtschaft, de (Plastik-)Recycling, d’Offallvermeidung an de Zero Waste souwuel wéi d’Ressourceschounung an d’Wäertschätze vun eise Ressourcen


Mat der Plastiksmaschinnen verwandelen d’Kanner al Plastiksstëpp a fuschnei Linealer a Karabiner a ginn iwwer d’Wichtegkeet vun der Kreeslafwirtschaft sensibiliséiert. Fir de Cycle 3.1, 3.2, 4.1 a 4.2. Méi Informatioune fannt Dir hei.

  • Workshop “Our Plastic Ocean”

Duerch d’Opgräife vun Terme wéi Recycling an Upcycling geet et iwwer zu engem edukative Spill wou d’Kanner iwwer de Plastik am Mier sensibiliséiert ginn an Methode léiere wéi e rausgefiltert ka ginn. Cycle  3.1, 3.2, 4.1 a 4.2.3.

  • D’Buch “Mäin éischt Null-Offallbuch”

Dat kannergerecht illustréiert Buch erzielt d’Geschicht vum Litti, deen aus  Onwëssenheet  seng  Ëmwelt net respektéiert. Glécklecherweis hëlleft seng Nopesch Betti him, fir besser a méi am Aklang mat der Natur ze liewen. Méi Informatioune fannt Dir hei. Cycle 3.1 a 3.2.4.

  • D’Theatheropféierung “Betti a Litti spille mam Dreck”

Déi interaktiv Theateropféierung “Betti a Litti spille mam Dreck” erzielt d’Geschicht vum Buch “Mäin éischt Null-Offallbuch” duerch eng professionnell Schauspillerin déi d’Geschicht interaktiv virun enger Video-Leinwand animéiert. Video an Informatiounen. Cycle 3.1 a 3.2.

  • Atelier Kleng Schrëtt

Den Atelier Kleng Schrëtt leet de Kanner duerch en educatiivt Spill no wat fir eng kleng Schrëtt een am Alldag maache ka fir d’Ëmwelt. Méi hei iwwer déi Kleng Schrëtt. Cycle 3.1, 3.2, 4.1 a 4.2.

  • De Gedankefloss

Den Atelier Gedankefloss erméiglecht de Kanner hir Argumentatiounslogik ze verstäerken, andeems si iwwer Dilemma-Froen am Kader vun der Ëmwelt argumentéieren. Méi hei. Cycle 3.1, 3.2, 4.1 a 4.2.

  • De Buedem- a Waasserkoffer

Zwee Kofferen iwwer de Buedem an d’Waasser, déi d’Schoulpersonal eegestänneg mat der Klass benotze kann. De Buedemkoffer an de Waasserkoffer enthalen eng Rei vu spannende Sensibiliséierungsaktivitéiten, pädagogesche Spiller an informativem Material. Esou kënne Kanner d’Wichtegkeet vun dëse natierleche Ressource op spilleresch a verständlech Manéier entdecken. Béid Koffere si spéitstens Enn des Jores 2025 disponibel.