D’Ëmweltberodung Lëtzebuerg, zesumme mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung, der Ëmweltverwaltung, der Superdreckskëscht an den Offallsyndikater SICA a SIDEC hunn e neit lëtzebuergescht Buch publizéiert ronderëm d’Theema wéi een Offall a Ressourcen ëmwandelen oder och ganz vermeide kann.

 

 

 

D‘Buch zielt d’Geschicht vum „Litti“, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem „Betti“, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden. Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen, a wat dann aus deenen eenzelnen Offäll ka gemaach ginn. Hie mierkt dann och wéi vill besser et him geet wann hie sech gutt ëm seng Ëmwelt këmmert.

 

 

D‘Buch weist bildlech a spilleresch, ouni vill Texter, wéi een d‘Offallproblematik an eiser Gesellschaft kann ugoen – esouwuel als Kand wéi och als Erwuessenen.

Präiss: 5 Euro +1.60 Euro Porto (A5, 52 Säiten).

Illustréiert vum « Medakovic Drazen» a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg a.s.b.l.

 

 

D’Buch bestellen!