Dëse Spektakel ass speziell op Schoulklassen aus dem Fondamental zougeschnidden (Cycles 2 & 3). D’Stéck gëtt vun enger Schauspillerin animéiert, déi an Interaktioun mat de Kanner duerch d’Geschicht féiert an si op spilleresch Aart a Weis mam Theema vun der Offallvermeidung vertraut mécht.

 

 

De Spektakel fënnt virun enger Video-Leinwand statt, op där een duerch animéiert Biller aus dem Buch “Mäin éischt Null-Offallbuch” an d’Welt vum Betti a Litti andaucht. Dëst ass eng flott Manéier, fir dem jonke Publikum déi pedagogesch Inhalter aus dem Buch méi zougänglech ze maachen.

 

 

Dir kënnt de Spektakel fir är Schoulklassen a Schoul-Fester buchen.

Eng Opféierung kascht 550€ TTC, ab der 2. Opféierung de selwechten Dag ass de Präis 515€ TTC. Eng Opféierung dauert 1 Schoulstonn a si ass konzipéiert fir ronn 20 Kanner. Bucht är Opféierung iwwer: info@ebl.lu.

 

 

All d’Informatiounen zu dëser Opféierung fannt dir am PDF deen dir hei kënnt eroflueden.