Mäin éischt Ëmweltbuch
Flott lëtzebuergesch Geschichte mam Betti a mam Litti, wou een och eppes iwwert eis Ëmwelt léiert. D‘Bicher weise bildlech a spilleresch, ouni vill Texter, wéi een Ëmweltdefie an eiser Gesellschaft kann ugoen – esouwuel als Kand wéi och als Erwuessenen.
Mäin éischt Bestëbserbuch
Beim Litti am Gaart wuesse keng Äerdbiere méi an hie freet sech wisou. D’Betti kennt de Grond dofir. De Litti huet keng Insekte bei sech. zesumme gi si op d’Sich no de Bestëbser a versiche si nees zeréck ze bréngen.
Duerch déi magesch Welt vum Betti a Litti léieren d’Kanner eis Bestëbser kennen a kréie gewisen, wisou dës wichteg sinn a firwat et der ëmmer manner gëtt, awer virun allem och, wéi een se schützen, hinnen hëllefen a si mat konkreten Aktiounen ënnerstëtze kann.



Publizéiert vun: EBL / Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung / Musée naturel d’histoire naturelle
Illustréiert vum « Medakovic Drazen» a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
Präiss = 8 Euro (+ Porto) fir EBL-Memberen
Präiss = 10 Euro (+ Porto) fir Net-Memberen
Mäin éischt Null-Offallbuch
E lëtzebuergescht Buch ronderëm wéi een Offall a Ressource verwandelen oder souguer ganz vermeide kann.
D‘Buch zielt d’Geschicht vum „Litti“, dee guer net op seng Ëmwelt oppasst a säin Offall egal wouhi gehäit. Mat Hëllef vu senger Nopesch, dem „Betti“, léiert hie lues a lues wéi een nees am Aklang mat der Natur lieft, wat een alles aus Offall maache kann, respektiv wéi e säin Offall ka vermeiden. Op sengem Wee léiert de Litti wéi een den Offall richteg trennt, wou een e soll hibréngen, a wat dann aus deenen eenzelnen Offäll ka gemaach ginn. Hie mierkt dann och wéi vill besser et him geet wann hie sech gutt ëm seng Ëmwelt këmmert.



Publizéiert vun: EBL / Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung / Ëmweltverwaltung / SDK / Offallsyndikater SICA & SIDEC
Illustréiert vum « Medakovic Drazen» a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg a.s.b.l.
Präiss = 8 Euro (+ Porto) fir EBL-Memberen
Präiss = 10 Euro (+ Porto) fir Net-Memberen
Wéi bestellen ech d’Buch?
mam Formulaire hei drënner oder per Mail: info@ebl.lu