Beim Litti am Gaart wuesse keng Äerdbiere méi an hie freet sech wisou. D’Betti kennt de Grond dofir. De Litti huet keng Insekte bei sech. zesumme gi si op d’Sich no de Bestëbser a versiche si nees zeréck ze bréngen.

Duerch déi magesch Welt vum Betti a Litti léieren d’Kanner eis Bestëbser kennen a kréie gewisen, wisou dës wichteg sinn a firwat et der ëmmer manner gëtt, awer virun allem och, wéi een se schützen, hinnen hëllefen a si mat konkreten Aktiounen ënnerstëtze kann.

Bestëbserbuch EBL

 

Publizéiert vun: EBL / Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung / Musée naturel d’histoire naturelle

Illustréiert vum « Medakovic Drazen» a geprint vun der Associatioun Autisme Luxembourg a.s.b.l.

Méck Bestëbserbuch EBL

Präiss = 8 Euro (+ Porto) fir EBL-Memberen

Präiss = 10 Euro (+ Porto) fir Net-Memberen

Wéi bestellen ech d’Buch?

mam Formulaire hei drënner oder per Mail: info@ebl.lu

 

W.e.g. am Formulaire uginn, wéivill Exemplarer Dir wëllt kafen,
a wéi ee Buch (“Mäin éischt Bestëbserbuch” an/oder “Mäin éischt Null-Offallbuch”).
Merci!

 

Dat éischt Ëmweltbuch”Mäin éischt Null-Offallbuch” kritt dir HEI.

 

 

 

 

 

Op www.emweltbuch.lu fënnt ee weider Aktivitéiten an Infos fir Kanner zum Theema.

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL