TRANSFORMA :
“ECONOMIE CIRCULAIRE” KONKRET
Offizielle Site vum Projet: www.transforma.lu
Eise Projet Transforma ass am Kader vum Circular Economy Wettbewerb 2017 “ Yes we care“ vun der Oeuvre Grand-duchesse Charlotte an dem Nohaltegkeetsrot als Laureat ausgezeechent ginn.
Em wat geet et beim Projet?
Bei der éischter Editioun vum Transforma-Projet goung et em eng Challenge fir Schüler, Makerspacen, Gruppen, eenzel Persounen, u.s.w. mat folgendem Ziel:
Erschaffe vun enger Schachtel…
… déi sech an een aneren nëtzlechen Objet verwandele léisst.
… wou sech futti Deeler einfach austausche loossen.
… déi sech verschiddene Bedürfnisser upasst.
… no dem Prinzip vun der Circular Economy
Weider Informatiounen iwwert d’Resultater vun dëser éischter Editioun fannt dir um offizielle Site vun dem Projet: www.transforma.lu
Nom Ofschloss vun der éischter Editioun ass et awer nach laang net eriwwer. De Projet soll och nach an den nächste Joren ënnert ganz verschiddene Forme weider bestoen. Interessant Pisten a Kooperatioune si schonn an der Entwécklung.
Wann dir Iddien hutt an iech bei dëser Thematik abrénge wëllt, dann zéckt net eis ze kontaktéieren.
Ënnerstëtzt gëtt de Projet weider vun: SuperDrecksKescht, BeeCreative, Script.
Interview um Radio 100,7 – Transforma (12/08/20):