D’Sensibiliséirungscampagne Littering huet am Abrëll 2021 e weidere wichtegen Schrëtt gemaach an huet den Agrarsecteur  mat agebonnen. Mat Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuerger Bauerejugend soll d’Campagne weider ausgebaut ginn. Méi zur neier Sensibiliséierungscampagne gëtt et hei.
D’EBL, an Zesummenaarbecht mam Ëmwelt-Ministère a mat der Ëmweltverwaltung, huet am Abrëll 2019 eng éischt Campagne lancéiert fir d’Bierger op d’Gefor vum Littering opmierksam ze maachen.

An dem Kader stelle mir iech eis Sensibilisatiouns Affichen zur Verfügung; déi kënnt dir hei a verschiddene Formater gratis eroflueden (op lëtzebuergesch an op franséisch). Mëttlerweil sinn d’Affichen bei der EBL och op englesch an op hollännesch disponibel!

Mir encouragéieren iech d’Pousteren op strategesch Plazen opzehänken oder Drëtten zur Verfügung ze stellen.

Dir kënnt och op bedréckten Aluminium’s Schëlter zeréckzegräifen. Bei dësem Schratt, oder bei aner Froen, bidde mir iech gären eis Hëllef un. Zéckt net eis ze kontaktéieren.

 

Am Kader vun dëser Campagne goufen ausserdeem 3 kuerz Videoe presentéiert:

Dës kënnt dir natierlech zu all Moment a fir är Besoine weider notzen an deelen.

Ob der Internetsäit vun der Ëmweltverwaltung gitt dir méi gewuer iwwert d’Littering-Campagne an Thematik vum Littering.