D’Thema Offall, resp. Littering als Deel dovunner bitt den interesséierten Enseignant’e vill Méiglechkeeten ze ënnerriichten. Et kann een Theme wéi Verpakungsmaterial an Offallvermeidung behandelen, op Recycling an den Triage agoën oder awer och dat eegent Konsumverhalen uschwätzen an esou den allgemenge Nohaltegkeetsaspekt promouvéieren.

Et ass en Thema dat am direkten Ëmfeld vun de Kanner traitéiert ka ginn. Och am Klassesall entsteet am Laf vum Dag vill Knascht, deen zum Deel mol net ze vermeiden ass. Besonnesch vill Dreck flitt och während oder no de Pausen an d’Poubellen an leider oft net an déi richteg. Et geet also drëm, de Kanner bewosst ze maachen, wéi ee mam Knascht ëmgoë soll an dass ee näischt einfach esou op de Buedem soll geheien.

Dësen Dossier gouf vun der EBL ausgeschafft a vum Ëmweltdépartement vum Nohaltegkeetsministère am Kader vun hierer Sensibiliséierungskampagne kéint den Offall finanzéiert.

Präis fir d’Brochure: Gratis

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL