Drénkwaasser - Campagne
Den 22. Mäerz 2021, um Weltwaasserdag, hu mir, zesumme mam Ëmweltministère, der Waasserverwaltung an der ALUSEAU déi nei, national Drénkwaassercampagne lancéiert. Ziel vun der Campagne ass et de Grand Public fir Thema “Drénkwaasser” ze sensibiliséieren. Tëschent Mäerz an August 2021 publizéiert den Ëmweltministère op senger Facebook-Säit an engem Wochen-Rhythmus Explikatiounen zum Thema Drénkwaasser. Dëst Material gëtt och au fur et à mesure op den Internetsite www.drenkwaasser.lu gesat.
Beim Material handelt et sech ëm:
- Werbe-Video “Melusina’s Choice”. Eng “humoristesch” Inzenéierung zum Krunnewaasser (schonn online)
- Pousteren zur Campagne (schonn online)
- Kuerz Erklärungs-Videoen zu den Themen “Drénkwaasser ass gesond” “Drénkwaasser ass e lokaalt Naturprodukt”, “Drénkwaasser ass nohalteg”, “Drénkwaasser a seng Mythen” an “Drénkwaasser schützen a schätzen”.
- 5 Infografiken zu den Uewe genannten Themen
- 5 Poustere mat Persounen, déi d’Krunnewaasser aus verschiddene Grënn promouvéieren
Mir lueden all eis Abonnenten, Member a Sympatisanten häerzlech dozou an, dëst Material ze notze fir är Bierger, Mataarbechter, Organisatiounen, Entreprisen a Veräiner iwwert dëst Thema ze informéieren. Dëst kéint dir beispillsweis maachen andeem dir:
- D’Material, wat vum Ministère iwwert Facebook publizéiert gëtt, “liked” an iwwert är Facebook-Säit “shared”
- D’Pousteren an d’Infografiken (déi dir no an no op der Internetsäit drenkwaasser.lu fannt) an ärer Gemeng/Organisatioun/Entreprise affichéiert bzw. iwwert de Gemengebuet oder änlechen an der Gemeng verbreet.
- Déi kuerz Erklärungs-Videoen iwwert är Ecranen oder Télés-Chaînë lafe loosst.
- Är Bierger, Mataarbechter, Organisatiounen, Entreprisen a Veräiner aktiv op dës Campagne opmierksam maacht.
Iwwert dëse Link fannt dir ausserdeem Dokumenter vun der Pressekonferenz, déi den 22. Mäerz um 14h00 mat der Minister Dieschbourg stattfonnt huet. Hei fannt dir de Link zum Replay vum Webinar am Kader vun den Cell Transition Days. D’Präsentatioun am PDF-Format hei.
Wann Dir nach Froen dozou hutt, dann zéckt net eis ze kontaktéieren. Iwwert eisen Newsletter wäerten mir iech an den nächsten Wochen iwwert d’Publikatiounen am Kader vun dëser Campagne informéieren. Wann dir eis Facebook-Säit abonnéiert, gitt dir ausserdeem zäitno iwwert déi nei Publikatiounen um laafenden gehalen. Mir soen iech elo schonn e grousse Merci fir är Collaboratioun an Zesummenaarbecht fir eng gemeinsam Saach.