D’Schoulklass 2TP3D aus dem Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Mini-Entreprise 3D2C éischt Prototype vu Miwwel erausbruecht. An engem Pop-Up Store vun de Jonken Entrepreneuren, 38 Rue Philippe II an der Stad, sinn d’Miwwel ausgestallt. Dës wäerten an Zukunft och op Lëtzshop ugebuede ginn. Ugestouss duerch de Projet Transforma vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, ass e flotte Projet mat dem Thema Kreeslafwirtschaft entwéckelt an ënner Zësummenarbecht mat dem  SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique), dem  Lycée des Arts et Métiers an der Menuiserie Modulor realiséiert ginn.

 

 

Méi op transforma.lu an op 3DC2.