“Däin Offall mécht mech doudkrank – gehei näischt an d’Natur!”
Dëst ass de Message vun der Sensibiliséierungscampagne géint de Littering an d’Ewechgeheie vun Offall an d’Natur.
Op Demande vun der Lëtzebuerger Bauerejugend, an a Collaboratioun mat dem Ëmweltministère, gouf déi scho bekannte Littering-Campagne engem weidere Secteur ugepasst a vun de Ministeren Dieschbourg a Schneider presentéiert.
Iwwer 300 Panneaue goufe scho laanscht Stroossen a Felder opgeriicht.
Méi zur neier Sensibiliséierungscampagne hei. Weider Informatiounen zu der ganzer Campagne fannt Dir hei.