Notzt elo gratis den Infographik vun der Campagne “Ech Kafe Clever” an informéiert an Ärer Gemeng iwwert gesondheetlech onbedenklecht an ëmweltfrëndlecht Schoulmaterial!
Dëst Thema riicht sech net nëmmen un Schüler a Léierpersonal, och Elteren a Grousseltere ginn héi appelléiert. Well wat vill Leit net wëssen: Fir Schoulmaterial gëtt et, aneschters ewéi beispillsweis bei Spillsaachen, keng spezifesch Critèren déi geféierlech Inhaltstoffer ausschléissen. Duerch de regelméissegen Hautkontakt (beim Schreiwen), duerch Inhaléieren (Beispillsweis vum Pech) oder iwwert Opnam iwwert d’Schläimhaut (beim Knabberen um Bic) ginn esou geféierlech Stoffer awer schnell vum Kierper opgeholl an dëst kann zu verschiddenen Erkrankunge féieren. Och Ëmweltcritèrë komme bei esou Produiten oft ze kuerz.

Deemno ass et wichteg, dëse Message un déi concernéiert Leit weider ze reechen. Informéiert Är Bierger a schützt Är Kanner an der Gemeng viru geféierlechen Inhaltstoffer.

Méi Informatiounen iwwert d’Campagne fannt Dir ob folgender Internetsäit:
www.ech-kafe-clever.lu

 

Infographik vun der Campagne “Ech Kafe Clever” (PDF)

Präis fir d’Dokument: Gratis

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL