Wann een en Nascht mat Harespelen huet, sollen d’Pompjeeën net déi éischt Ulafplaz sinn. Dat huet op där enger Säit mam Naturschutz ze dinn, op där anerer Säit awer och mat der Reform am Rettungswiesen.

Dofir schafft d’EBL ab elo mat natur&ëmwelt zesummen fir d’Leit ze beroden a mat hinnen ze kucken, wéi ee mat den Déiere ka liewen an Näschter just do fortzemaachen, wou et geféierlech ass fir Persounen. Kontaktéiert de Gil Kirchen fir eng Harespelberodung.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 4 Sproochen: LU, DE, FR, PT
  • Personaliséierbar mam Gemengelogo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

 

 

D’Harespelen sinn net sou geféierlech wéi ee menge kéint. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mä se hunn och hiren Notze fir d’Natur. Mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor, dat erkläre mir iech an eiser Infografik “Lästeg Summergäscht”.

 

 

EBL-Infografik

Mat Hëllef vun Infografiken dem Bierger Energie- an Emwelttheme méi no bréngen! Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw. Ären Iddien si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 4 Sproochen: LU, DE, FR, PRT
  • Personaliséierbar mam Gemengelogo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

 

Dir wëllt um Projet deelhuelen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL