Eis zweet Ausgab vun der Serie „Eis Hausdéieren“ sensibiliséiert iwwer den Impakt vun den Hauskazen op d’Biodiversitéit. 

D’Hauskazen (Felis catus) si beléift Hausdéieren, déi eis Freed a Gesellschaft bréngen. Gläichzäiteg kënnen hir Juegdinstinkter en Afloss op déi lokal Biodiversitéit hunn. Kazen, déi dobaussen aktiv sinn, fänke vill kleng Déieren – haaptsächlech Vullen a kleng Mamendéieren – wat d’Gläichgewiicht an der Natur stéiere kann. Besonnesch an empfindlechen Ökosystemer kann dat zum Réckgang vu geschützten Aarte féieren. Et kann och zu genetesche Vermëschunge mat der gefäerdeter Wëllkaz (Felis silvestris) féieren. D’Zil ass net, d’Hauskazen ze verurteelen, mee e Bewosstsinn ze schafen. Mat einfache Gewunnechten, déi un d’Verhale vun all Kaz ugepasst sinn, kann een hiren Impakt op d’Biodiversitéit verbesseren – ouni hiert Wuelbefannen a Fro ze stellen.

 

 

Mat Hëllef vun Infografiken kënnt dir äre Bierger / Mataarbechter / Clienten Ëmwelttheeme méi no bréngen!

Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddie si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Memberen an Abonnentegemengen
  • 4 Sproochen: LU, DE, FR, EN
  • Personaliséierbar mat ärem Logo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

Dir wëllt matmaachen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL