Eis éischt Ausgab vun der Serie „Eis Hausdéieren“ sensibiliséiert iwwer Hondskéip an hiren Afloss op Biodiversitéit, Mënsch an aner Déieren. 

Mir hunn net nëmmen eng, mee direkt 2 Affichen zum Theema op d’Bee gestallt: 

  • klassesch Infographik fir Sensibiliséierungszwecker 
  • 1 méi kuerz Affiche déi dëst Theema nach emol zesummefaasst an d’Léit nach emol dozou ureege soll den Hondskoup opzerafe (zum Beispill fir dobaussen op ze hänken) 

 

 

Mat Hëllef vun Infografiken kënnt dir äre Bierger / Mataarbechter / Clienten Ëmwelttheeme méi no bréngen!

Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddie si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 5 Sproochen: LU, DE, FR, PRT, EN
  • Personaliséierbar mat ärem Logo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

Dir wëllt matmaachen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL