An der aktueller Situatioun ass d’Energiespueren en zentraalt Theema an Informatiounsmaterial ass deemno nëtzlech a vill gefrot.

Et handelt sech hei ëm 2 komplementar Affichen:

  • Eng Affiche déi e puer praktesch Tipps mat op de Wee gëtt, wéi ee beim Hëtzen / Lëften Energie (a Sue) spuere kann.
  • Eng Affiche mat e puer Fakte ronderëm den Energieverbrauch (mam Fokus op d’Hëtzen) am Haushalt.

 

 

Mat Hëllef vun Infografiken kënnt dir äre Bierger / Mataarbechter / Clienten Ëmwelttheeme méi no bréngen!

Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddie si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 5 Sproochen: LU, DE, FR, PRT, EN
  • Personaliséierbar mat ärem Logo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

Dir wëllt matmaachen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL