Mir si frou iech eis Infografik-Serie virzestellen, mam Titel “Déi Onbeléifsten aus der Biodiversitéit”. Zil: eng Rei vun Déiere virstellen, déi wéineg beléift sinn, mee awer eng wichteg Roll fir eis Ëmwelt spillen. Mat dësen Affiche réckelen de Kueb, d’Spann, d’Dauf, d’Harespel, de Maulef an d’Fliedermaus, an en neit Liicht – fir méi Respekt a Verständnis fir eis Biodiversitéit ze schafen. 

 

 

Mat Hëllef vun Infografiken kënnt dir äre Bierger / Mataarbechter / Clienten Ëmwelttheeme méi no bréngen!

Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddie si keng Grenze gesat.

  • Gratis fir EBL-Membergemengen
  • 2 Sproochen: LU, FR
  • Personaliséierbar mat ärem Logo
  • Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros

Dir wëllt matmaachen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!

 

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL