Wuerzelwierk - E Sensibiliséierungsworkshop iwwer nohalteg Agrikultur
Ab der Rentrée 2026 proposéiert d’EBL en neie Workshop, deen d’Kanner fir eng nohalteg Ernärung, Biodiversitéit an eng ëmweltfrëndlech Landwirtschaft sensibiliséiert: de “Wuerzelwierk“.
D’Klasse ginn en hallwen oder e ganzen Dag op de Fromburger Haff a ginn do iwwer d’Wichtegkeet vun der nohalteger Landwirtschaft sensibiliséiert. Dëse Projet wäert sech spéiderhin op aner Häff weiderentwéckelen.

…
Beim Wuerzelwierkworkshop kënnen d’Schüler an 3 verschidden Agrikulturtheemen agefouert ginn :
-
De liewege Bauerenhaff
D’Zesummenhäng zwësche Buedem, Planzen, Déieren a Mënschen erfuerschen a verstoen wat de Räichtum an d’Gläichgewiicht vun engem nohaltege Bauerenhaff ausmecht.
-
Gaart a Bongert
Mat den Hänn am Buedem wullen, Kulture beobachten an entdecken, wéi d’Vilfalt vun Uebst a Geméis zu enger robuster Landwirtschaft a Biodiversitéit bäidréit.
-
Notzdéieren
D’Déieren vum Haff entdecken – vun der Fleesch-, Mellëch- an Eeërproduktioun bis hin zu hirer wesentlecher Roll fir d’Gläichgewiicht vum landwirtschaftlechen Ekosystem.
Dir kënnt dës Workshoppe fir är Schoulklassen oder Maison-relaise buchen. De Projet riicht sech an éischter Linn u Schüler vun Ënn Primär bis Ufank Lycée, kann awer och un aner Zilgruppen a Kontexter ugepasst ginn.
Ee Modul vun 3 Stonne kascht 850€ TTC, 6 Stonne kaschten 1100€ ТТС.
Bucht ären Ausfluch iwwer: info@ebl.lu