Wat wier wann…

… kee Plastik méi an den Drecksback komme géif?

… ee mat alem Plastik e Panesch maache kéint deen dann zu engem Neien, nëtzlechen Objet ëmgeformt léint ginn?

… eng richteg Wäertschätzung vun de Ressourcë méiglech wier?

 

 

Mat der Plastiksmaschinn gëtt all dëst méiglech : al Plastiksdreckskëschten a Fläschestëpp gi geschreddert, an dann nei ageschmolt. De Prototyp vun der Maschinn gouf an Zesummenarbecht mam Lycée Arts et Métiers réaliséiert a verfeinert. Sou entsteet en neit Rohstoff fir aus ëppes ales ëppes Neies ze machen, an dat am Sënn vun der Economie Circulaire …

Duerch den Atelier “Precious Materials” léieren d’Kanner eppes iwwert d’Offalltrennung an d’Kreeslafwirtschaft a mache mat enger Plastiksmaschinn aus eppes Alem eppes Neies. Dozou ginn och verschidde Spiller gemaach a Begrëffer geléiert, déi an der Kreeslafwirtschaft wichteg sinn.

 

 

De Workshop buchen

D’Maschinn an de Workshop kënne fir Är Fester, Veranstaltungen, Klassen oder Gruppen an der Woch oder och Weekends gebucht ginn. Den Atelier ass ideal fir Kanner aus der Spillschoul bis zu Jugendlechen ze sensibiliséieren an dauert ongeféier 1 Stonn. Well et eis awer an der éischter Linn wichteg ass ze sensibiliséieren, kënne mir eis och gär un eng aner  Zilgrup oder Dauer adaptéieren, sou laang dëst fir eis méiglech ass.

  • Eng Interventioun ass fir maximal 10 Kanner/Jugendlecher konzipéiert.
  • Well den Atelier e bestëmmten Opwand (vill Material) duerstellt, froe mir fir op d’mannst 5 Interventiounen ze buchen.
  • Den Atelier kann un den Alter vun de Kanner/Jugendlecher ugepasst ginn (vu Précoce bis Lycée).

Wann eng Grupp vun 10-25 Kanner deelhëlt, gëtt den Atelier an zwee gespléckt ginn an dauert domat 2 Stonnen.

Fir méi Informatiounen an/oder fir den Atelier ze buchen, schreift eis gär eng E-Mail op info@ebl.lu.