Mat der Plastiksmaschinn gëtt all dëst méiglech : al Fläschestëpp gi geschreddert, an dann an nei Objeten ageschmolt. Niewt der praktescher Upcyclingaktivitéit ginn mat de Kanner an engem spillereschem Theoriesdeel verschidde Spiller gemach an Begrëffer geléiert, déi an der Kreeslafwirtschaft an am Plastikrecycling wichteg sinn… Esou kënnen d’Kanner de Kreeslaf vun de Materialien besser verstoen.

De Workshop ass eng Kollaboratioun tëscht der EBL an Drop Cycle a.s.b.l.

De Flyer hei eroflueden

 

 

 

 

De Workshop buchen

De Workshop kann fir Är Fester, Veranstaltungen, Klassen oder Gruppen gebucht ginn. Den Atelier ass ideal fir Kanner aus der Primärschoul bis zu Jugendlechen ze sensibiliséieren an dauert 2 Schoulstonnen.

Eng Interventioun ass fir 1 Schoulklass konzipéiert, déi an zwee Gruppen agedeelt gëtt : de Sensibiliséierungsdeel an den Upcyclingdeel.

De Präiss fir eng Klass läit bei 1060 EUR. Fir all zousätzlech gebuchte Seance kommen 620 EUR dobäi.

Fir méi Informatiounen an/oder fir den Atelier ze buchen, schreift eis gär eng E-Mail op info@ebl.lu.