De Plan Pollinisateurs – oder och nach Bestëbserplang – ass eis gemeinsam Initiativ mam Ëmweltministère fir d’Liewensräim vun de Bestëbser- Insekten hei zu Lëtzebuerg ze schützen, ze schafen an ze ënnerhalen.

D’Zuele vun den Insekte-Populatioune sinn dramatesch a besuergneserreegend. Et ass also noutwendeg, Moossnamen ze ergräife fir d’Biodiversitéit ze schützen. Dofir setzt sech d’Lëtzebuerger Regierung a fir d’Schafen an d’Ëmsetze vun engem nationalen Aktiounsplang fir d’Erhale vun de Bestëbser.

 

Duerch déi villfälteg a komplex Ursaachen hannert dem massive Verschwanne vun Insekten, kann den nationalen Aktiounsplang nëmmen aus engem partizipativen an interdisziplinären Dialog entstoen, deen déi ganz Gesellschaft mobiliséiert. E baséiert op der Ëmsetzung vu konkrete Moossnamen a verschiddene Handlungsberäicher fir eist Wëssen iwwer d’Bestëbser ze verbesseren, d’Haaptursaache vum Insektestierwe besser ze identifizéieren a bei de Mënschen d’Sensibiliséierung zu den Insekten ze fuerderen.

All Privatpersoun oder Institutioun, déi un dëser kollektiver Aktioun deelhuele wëll, kann sech op der Plattform www.planpollinisateur.org umelle fir un engem vun den Atelieren, déi zu Lëtzebuerg organiséiert ginn, deel ze huelen. D’Zil ass et, bestoend Projeten an Iddie fir Projeten a Moossnamen ze deelen, an se an der Entwécklung vum “Bestëbserplang” z’integréieren.

 

 

Offizielle Site vum Projet: www.planpollinisateur.org

 

DATE
NOM
LIEU
DESCRIPTION
PROJET
CATEGORIE
MAT WIEM
THEME