Eis Natur a Biodiversitéit ze schütze soll eng Prioritéit sinn. Dofir setzt d’EBL sech verstäerkt an, den Naturschutz an de Gemengen ze promouvéieren an d’Gemengen am Kader vum Naturpakt ze begleeden.

 

Katalog “Naturpakt – Mir hëllefen iech!”

Dëst Dokument erlaabt et iech eng allgemeng Iwwersiicht vun der EBL-Hëllefsstellung am Kader vum Naturpakt 2.0 ze hunn. En enumeréiert bei wéi enge Mesure mir iech direkt oder indirekt hëllefe kënnen, respektiv zouschaffe kënnen.

Fir déi konkret a praktesch Hëllefstellung sou effizient wéi méiglech ze gestalten, géingen är Besoinen an ons Méiglechkeeten an engem zweete Schrëtt (zesummen an engem Gespréich) identifizéiert ginn, fir datt mir iech sou gutt wéi méiglech zouschaffe kënnen.

Mir hoffen iech soumat bei der Ëmsetzung vun de Naturpaktmesure konkret ënnerstëtzen ze kënnen, a freeën ons op är Ufroen a generell Kontaktopnam.

De Katalog kënnt dir hei eroflueden (PDF)