De Projet Mol nach emol versicht, d’Kreeslafwirtschaft an de Lëtzebuerger Schoulsystem z’integréieren, andeems onbenotzt Schoulmaterial recuperéiert gëtt an en zweet Liewe geschenkt kritt. Doduerch kënne ganz Schoulklasse gratis vum Material profitéieren an et gëtt verhënnert, datt erëmverwendbar Objeten ewechgehäit ginn.

De Projet gëtt vun der EBL, vum SIVEC, der Sdk, der Fondatioun Kraizbierg an der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte duerchgefouert.