Mäin éischt Bestëbserbuch - Betti a Litti
Beim Litti am Gaart wuesse keng Äerdbiere méi an hie freet sech wisou. D’Betti kennt de Grond dofir. De Litti huet keng Insekte bei sech. Zesumme gi si op d’Sich no de Bestëbser a versichen si nees zeréck ze bréngen.
“Mäin éischt Bestëbserbuch” ass dat zweet Ëmweltbuch, dat duerch d’Ëmweltberodung, an enker Zesummenaarbecht mam Musée national d’histoire naturelle Luxembourg – Naturmusée an der externer Expertise vun der Madamm Marianne Kollmesch, mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité ausgeschafft. Illustréiert gouf d’Mäin éischt Bestëbserbuch vum Här Drazen Medakovic a gedréckt op Recyclingpabeier bei Autisme Luxembourg asbl.