Green Events
Lëtzebuerg ass bekannt fir seng villfälteg Evenementer, déi d’Liewensqualitéit an d’Kultur vun eiser Gesellschaft beräicheren. Ob Duerffester, Festivals, Sport- oder Kulturveranstaltungen, si bréngen d’Leit zesumme a gläichzäiteg och Erausfuerderunge fir d’Ëmwelt mat sech.
Dofir gouf 2019 de Projet Green Events vum Ëmweltministère an d’Liewe geruff fir d’Organisateure vun Evenementer ze ënnerstëtzen, hier Veranstaltung méi nohalteg ze gestalten. En nohaltegt Event bedeit, Ressourcen effizient ze notzen an d’Ëmwelt ze schounen – duerch Offallvermeidung, den Akaf vu lokale Produiten, den Asaz vun erneierbarer Energie, d’Promotioun vun nohalteger Mobilitéit a villes méi.
Green Events zeechent duerch säi Label besonnesch nohalteg Eventer zu Lëtzebuerg aus a weist, dass dir Iech vis-à-vis vun der Ëmwelt an der lokaler Wirtschaft engagéiert. D’Ekipp vu Green Events bitt all Veranstalter souwuel eng professionnell Begleedung wéi och e ganze Koup un Tipps an Adressen un.
D’Koordinatioun vun de Green Events geschitt an enger enker Kollaboratioun tëscht der EBL an der SDK.
Wëllt Dir Äert Event och ëmweltfrëndlech gestalten?
Fir méi Informatiounen, kuckt op www.greenevents.lu a fannt eraus, wéi Dir Är Veranstaltung méi nohalteg gestalte kënnt!
