Gedankefloss - Philosophéieren iwwert eis Ëmwelt
Den Ëmweltschutz betrëfft eis all a léist vill Diskussiounen aus. „Gedankefloss“ ass en neie Projet, mam Zil d’Leit zesummen ze brénge fir iwwer wichteg Ëmweltfroen nozedenken. Mir organiséiere philosophesch Gespréichsronnen, wou jidderee seng Meenung äußere kann zu ganz verschiddenen Theemen, wéi z.B. „Sollte mir zu Lëtzebuerg en Deel vun eisem Confort opginn, fir d’Ëmwelt ze schounen?“ oder „Ass de Mënsch méi wichteg wéi déi aner Liewewiesen op eisem Planéit?“. D’Iddi ass e Raum fir Diskussiounen ze schafen, an deem een zesumme Léisunge fanne kann.
D’Erausfuerderunge fir eis Ëmwelt kënnen nëmme bewältegt ginn, wa jiddereen an der Diskussioun integréiert ass. Ze oft gëtt nach jugéiert a kritiséiert, mat Virurdeeler, ouni sech mat deenen, déi eng aner Meenung hunn, ëm den Dësch ze sëtzen. Mat der Philosophie kënne mir mat méi Respekt a Verständnis virukommen.
D’EBL bitt Workshoppen un, mat enger theoretescher Introduktioun an Diskussiounsronnen a klenge Gruppen. Se kënnen a Schoulen, mee och op aner Plazen organiséiert ginn. Et ass fir all Alter gëeegent, vu Kanner aus der Primärschoul bis zu Erwuesener an eeler Leit. Fir méi Informatioune si mir iwwer E-Mail erreechbar (info@ebl.lu).