Fro däi Coiffeur –  Sérieux Theemen an engem Lockere Kader

 

 

 

Duerch 12 konschtvoll Karten an hir intrigéierend Titel gëtt versicht, Ëmweltfroe méi zougänglech ze maachen an dobäi de Coiffeuren eng wichteg Roll ze ginn.

D’Coiffeure kënnen dës Kaarten an hirem Salon zu Verfügung stellen an doduerch de Clienten eng alternativ Diskussiounsméiglechkeet ginn. Et erlaabt engem, sech  iwwert déi verschidden Ëmwelttheemen op enger einfacher Aart a Weis informéieren. D’Opléisung fënnt een dann um verso iwwert déi een sech dann ënnerhale kann.

 

 

 

 

 

 

 

 

Fir méi Informatiounen iwwert de Projet an déi participéierend Salonen : fro-mech.lu

 

 

 

 

.