EUCF - Eng europäesch Finanzéierung fir de Klimaschutz
Déi europäesch Initiativ ‘EUROPEAN CITY FACILITY‘ bitt de Gemengen a Gemenge-Syndikater eng Méiglechkeet fir Mossnamen am Energie- a Klimaberäich ze finanzéieren. D’Subventioun gëllt fir Investitiounspläng am Hibléck op nohalteg Energie-Projeten an d’Fërderung ass mat bis zu 60.000€ dotéiert. D’Gemeng oder de Syndikat huet wéineg Risiko, well kee Remboursement néideg gëtt, falls de Projet net op en Enn kënnt. Dës Finanzéierung ass komplementar zum Klimapakt.
- Offiziell Internetsäit mat den Erklärungen op englesch: eucityfacility.eu
- Op däitsch: PDF (de) – Was ist die EUCF?
- Op franséisch: PDF (fr) – Qu’est-ce que l’EUCF?
- Video mat den Erklärungen op englesch: Link (Video)
- Op däitsch: PDF (de) – Wie kann man sich bewerben?
- Op franséisch: PDF (fr) – Comment postuler?
Info-Sessioun
Den 11. September huet eng online Presentatioun / Videokonferenz zu dësem Programm stattfonnt.
Agenda:
- Wat ass d’EUCF? (Tatjana Veith – europäescht Klima-Bündnis)
- Wéi kann een eng Fërderung ufroen? (Rainer Telaar)
- Ënnerstëtzungsmechanismen vun der EUCF (Tatjana Veith)
- Froe vun den Teilnehmer / Äntwerten.
D’Presentatioun ass opgeholl ginn, falls dir se verpasst sollt hunn kënnt dir iech se hei ukucken:
D’Ënnerlag vun der Presentatioun kënnt dir hei eroflueden: