Offizielle Site vum Projet: klengschrett.lu

Säit November 2020 leeft eisen neie Sensibiliséierungs-Projet “E klenge Schrëtt fir mech, e grousse Schrëtt fir meng Ëmwelt”, a Kooperatioun mat natur&ëmwelt a Youth for Climate Luxembourg. Wéi de Numm et seet geet et bei dësem Projet drëms, kleng Schrëtt ze deelen déi jiddereen a sengem Alldag lues a lues praktesch ëmsetze kann, fir eis Ëmwelt, an domadder och eis Gesondheet, ze schounen an ze schützen. Grouss Aktiounen si wichteg, mee bei dësem Projet wëlle mir de Fokus op déi kleng Gestë leeën, déi all Mënsch ganz einfach a sengem Alldag ëmsetze kann a soumadder säin Deel fir eng méi nohalteg Gesellschaft bäidroe kann.

De Prinzip vum Projet:

All zwee Méint gëtt een anert Thema an de Fokus gesat. Mir schécken dir am Viraus d’Informatiounsmaterial, wat’s du an denger Gemeng, Entreprise oder Organisatioun jee no Besoin fräi Notze kanns. Dëst besteet aus:

  • Enger Infographik fir an de Gemengebuet oder iwwert aner Informatiounskanäl ze notzen.

  • Challengen déi all Freide publizéiert ginn a fir e bestëmmte “klenge Schrëtt” opruffen.

  • Posts fir iwwert déi sozial Medien, E-mail, als Sticker etc. ze verdeelen.

Matmaachen:

Fir mat ze maachen, brauchs du eis just eng E-Mail un info@ebl.lu ze schécken fir dech an eis Verdeelerlëscht anzeschreiwen.

  • Fir EBL-Abonnenten (Gemengen, Entreprisen an Organisatiounen) ass dëse Service gratis!