Workshop - Offallvermeidung
Bei der Formatioun iwwer Offallvermeidung kréien d’Participanten en Abléck an d’Konzept “Economie circulaire” an “Economie linéaire” a léieren, wéi Offall a béide Wirtschaftsmodeller gehandhaabt gëtt a wéi säin Impakt op d’Ëmwelt ass.
Mat Ënnerstëtzung vun de Formateure beschäftegt sech d’Grupp mat de verschiddenen Offallkategorien an der dozou gehéierend nohalteger Ressourcegestioun.
Interaktiv a participativ Elementer bidden de Participanten d’Méiglechkeet, hiert Wëssen unzewenden an hir Iwwerleeunge ronderëm d’Theema ze verdéiwen, soudatt en allgemengt Verständnis fir d’Offallvermeidung a senge Facetten entsteet. Dës Informatiounen erméiglechen et, dat geléiert Wëssen och am Alldag konkret ëmsetzen ze kënnen.
Dësen 2-Stënnege Workshop ka fir Participantë tëscht 9 an 99 Joer gebucht ginn.
