Wuerzelwierk - E Sensibiliséierungsworkshop iwwer nohalteg Agrikultur
Ab der Rentrée 2026 proposéiert d’EBL en neie Sensibiliséierungsworkshop iwwer eng nohalteg Agrikultur a Liewensmëttelproduktioun : de Wuerzelwierk.
D’Klasse ginn en hallwen oder e ganzen Dag op de Fromburger Haff invitéiert a ginn do iwwer d’Wichtegkeet vun der nohalteger Landwirtschaft sensibiliséiert. Dëse Projet wäert sech spéiderhinn op aner Häff weiderentwéckelen.
Beim Wuerzelwierkworkshop ginn d’Schüler a verschidden Agrikulturtheemen agefouert :
-
Gaart/Geméis
-
Bongert/Uebst
-
Fleesch/Déieren
-
Eeër/Hénger
-
Allgemeng Nohaltegkeet
Dëse Workshop ass konzipéiert fir Schüler aus dem Cycle 4.2 an der 7ème. Méi Informatiounen iwwer de Wuerzelwierk fannt dir hei.