No den extremen Iwwerschwemmungen duerch Staarkreen am Joer 2016 an 2018, huet d’Waasserwirtschaftsverwaltung (AGE) Staarkreengefor- a Risikokaarte publizéiert. Dës sollen de Gemengen hëllefen esou Geforen ze erkennen an ze reduzéieren. D’Kaarte sinn op geoportail.lu (Theema Waasser – Héichwaasserrisikomanagement – Richtlinn – Staarkreen) ze fannen.

Am Géigesaz zu den Héichwaasserkaarten hunn d’Staarkreenkaarte kee gesetzleche Kader. Dës solle méi als eng Sensibiliséierungsmoossnam verstane ginn. Et geet an éischter Linn dorëms ze erkenne wou Moossnamen am privaten a kommunale Beräich Sënn maachen an dës uschléissend an der Praxis ëmzesetzen.

Hei d’Presentatioun am PDF-Format. Weider Detailer an Erklärungen zu de Kaarten fannt Dir op emwelt.lu.