Haut huet de MECDD d’Strategie “Null Offall Lëtzebuerg” presentéiert. Duerch eng ganz Rei Workshops mat Organisatiounen, Acteuren an Experten aus dem Offallsecteur a Bierger, gouf en Dokument mat Tools ausgeschafft, déi et erméiglechen sollen, eis Ressourcen an Zukunft besser ze notzen an ze schützen. Weider Informatiounen iwwert dëse Projet an d’Strategie fannt dir um Site vum MECDD.