Am Mäerz ass zesumme mat ‘natur&ëmwelt’ an dem ‘Cercle de Coopération des ONG’ en Zyklus vun 3 Formatiounen ofgehale ginn. All Memberen an Interesséiert aus der Zivilgesellschaft waren invitéiert. Mir hu geléiert, wéi een säin Uleies bei de politeschen Acteure ka weider bréngen, wéi ee kann Afloss op Decisiounen huelen. An der éischter Seance huet de Maurice Molitor iwwert déi national Méiglechkeete referéiert, an der zweeter Seance war et en Interview mam Europa-Deputéierte Marc Angel. Déi drëtt Seance war eng Visitt an der Chamber, mat Explikatiounen zum Fonctionnement.

Wann dir dës gratis Formatioun verpasst hutt, da kënnt dir iech d’Opnamen hei nach eng Kéier ukucken.