De Méinden, 8. Februar 2021 hunn Ministeren Dieschbourg, Fayot an Turmes déi nei national Strategie fir d’Kreeslafwirtschaft presentéiert.

D’Strategie huet dräi Haaptelementer:

  • Se identifizéiert Methoden an Instrumenter um Niveau vun dräi Schlësselhiewele vun der Regierungsaktioun fir Innovatiounen ze stimuléieren.
  • Se proposéiert eng Methodik fir d’Prozesser an d’Instrumenter an enger gewësser Unzuel vu wichtege wirtschaftleche Secteuren ze aktivéieren, duerch konkret Projeten déi vun ëffentlechen Acteure pilotéiert, awer an Zesummenaarbecht mat den Haaptintresséierten duerchgefouert ginn.
  • Se gesäit en enken a kontinuéierlechen Austausch tëscht de Ministèren, déi d’Strategie droe fir, souwéi Kommunikatiounsinstrumenter, déi déi Acteuren, déi d’Projeten ëmsetzen ënnerstëtzen.

Zu der Presentatioun…