Konferenz : Vers une (dé)construction plus circulaire den 14. November 2024
Zesumme mam LIST a mam CNFPC freet d’EBL sech, d’Konferenz
“Vers une (dé)construction plus circulaire“
den 14. November 2024 vu 14:00 bis 17:00 zu Miersch ze halen.
Fir Iech gratis unzemellen, dréckt hei.
D’Konferenz proposéiert Temoignagë vu Bureaux d’études, Déconstructeuren a Pionéier aus dem Domän. Beschwat gi lokal Léisungen an Hëllefsmëttel fir d’Déconstructioun a senger ganzer Komplexitéit. Déi praktesch Ëmsetzungméiglechkeeten an déi praktesch Aspekter vum Déconstructeursberuff, souwuel wéi déi versécherungstechnesch Froe ronderëm d’Déconstructioun ginn abordéiert. Mir hoffen duerch d’Konferenz en Netzwierk an en Austausch ze fërderen. D’Präsentatioune gi mat engem Network Drink ofgeronnt.
Zesumme kënne mer dozou bäidroen, d’Bauindustrie an eng nohalteg Zukunft ze féieren.