Konferenz-Atelier : Vers une (dé)construction plus circulaire den 18.11.2026
Den 18. November invitéieren d’EBL, de Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) an de CNFPC op déi 3. Editioun vun der Konferenz-Atelier „Vers une (dé)construction plus durable“.
Um Programm stinn:
– Erfarungsberichter vun der Commune de Wiltz, Ville de Differdange, Diddeleng Ville de Dudelange, Utrecht (NL) , Lorient (F) , Roubaix (F) an la Grande Métropole de Paris (F).
– Austausch ronderem good practices
– Workshop ronderëm d’PREUSE Toolbox
Dës Veranstaltung riicht sech un Acteuren aus dem ëffentleche Secteur, déi sech vun konkrete Beispiller inspiréiere loosse, hir Erausfuerderunge mat aneren deelen, an nei Weeër fir eng méi nohalteg Bauweis entdecke wëllen.
Umeldung: inscription.ettelbruck@cnfpc.lu
W.e.g. gitt an Ärer E-Mail un, u wat fir engen Deeler vun der Veranstaltung Dir deelhuele wëllt.
De Weidergebrauch vu Baumaterialien kann zur Selbstverständlechkeet, an d’Kreeslafwirtschaft zur Realitéit am Bausecteur ginn!

