Green Events : gratis Workshops fir Veräiner
Dir sidd e Veräin an organiséiert Evenementer, sportlech, kulturell oder soss Aktivitéiten? Wëllt Dir Ären Event méi nohalteg maachen, manner Offall generéieren an Äre Visiteuren dovun erzielen, wësst awer net, wou Dir ufänke sollt?
An Zesummenaarbecht mat eLo, de PRO-SUD Gemengen , der Stad Esch an der Gemengegemeinschaft Pays Haut Val d’Alzette , bitt Green Events 4 gratis Atelieren un, déi speziell entworf goufen, fir d‘Veräiner, d‘Clibb an d’Associatiounen ze ënnerstëtzen, hier Events méi nohalteg ze maachen.
D‘Atelieren hëllefen Iech, einfach, praktesch a realistesch Léisungen ze entdecken, déi dir duerno kënnt uwenden.
Duerch eng Rei vun thematesche Sessioune kënnt Dir:
- d’Ëmweltimpakter vun Ären Evenementer identifizéieren a verstoen;
- Instrumenter entdecken, déi einfach ëmzesetze sinn;
- Iddie mat aneren Associatiounen austauschen;
- Beräicher fir Verbesserungen identifizéieren, déi op Äre Veräin/Äert Event ugepasst sinn;
- Schrëtt fir Schrëtt op méi nohalteg Praktiken zougoen.
Programm*
Offall- a Kreeslafwirtschaft
📅 24. September 2026 – 19:00 bis 21:00 📍Bettembourg, Duerfssall
Nohalteg Kommunikatioun
📅 14. Oktober 2026 – 19:00 bis 21:00 📍Aumetz
Responsabel Beschafung an Akeef
📅 20. Oktober 2026 – 19:00 bis 21:00📍Mondercange – Centre culturel Arthur Thinnes
Organisatioun vu nohaltege Evenementer am associative Beräich
📅 18. November 2026 – 19:00 bis 21:00📍Sanem, Gemengerotssall
Kuckt de Programm am Detail a schreift Iech elo an : https://elo.lu/les-formations/
*d’Atelier’en ginn a franséischer Sprooch gehaalen