“Mäin éischt Bestëbserbuch” ass dat zweet Ëmweltbuch, dat duerch d’Ëmweltberodung, an enker Zesummenaarbecht mam Musée national d’histoire naturelle Luxembourg – Naturmusée an der externer Expertise vun der Madamm Marianne Kollmesch, mat finanzieller Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité ausgeschafft. Illustréiert gouf d’Mäin éischt Bestëbserbuch vum Här Drazen Medakovic a gedréckt op Recyclingpabeier bei Autisme Luxembourg asbl.
*D’Adress an de Numm brauche mir just fir d’Verschécke vum Buch, a ginn dono erëm geläscht.

Maacht mat a gewannt elo “Mäin éischt Bestëbserbuch”, dat neit, flott Buch vun der EBL mam Betti a Litti. Zesumme léieren si d’Welt vun de Bestëbserinsekte kennen a versichen hinnen ze hëllefen, nees zeréck bei de Litti an de Gaart ze kommen.🐝

Fir mattzemachen, schéckt eis bis de 7. Juni 2026 eng Foto vun engem Bestëbserinsekt, Ären Numm an Är Adress* eran op info@ebl.lu a gewannt eent vu 50 verspillten Ëmweltbicher!
Insgesamt zéie mir 50 Gewënner. Déi 5 extra schéi Fotoe kréien och nach nieft dem Ëmweltbuch eng kleng Iwwerraschung matgeschéckt.
Mat e bësse Gléck, gewannt dir vläicht een „Mäin éischt Bestëbserbuch“. Wie ganz ongedëlleg ass, kann d’Ëmweltbuch awer elo schonn ob www.emweltbuch.lu bestellen.