D’Energieauer ass een Outil, deen et erméiglecht d’Entwécklung vun der Energiesituatioun zu Lëtzebuerg besser ze verstoen. Si gëtt ausserdeem déi wichtegst Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang (PNEC) erëm, fir esou déi nohalteg Energietransitioun zu Lëtzebuerg mat verfollegen an aktiv virun dreiwen ze kënnen. Dës Plattform gouf vun der Klima-Agence an Zesummenaarbecht mam Wirtschaftsministère entwéckelt.

Fir méi iwwer d’Energieauer ze wëssen an se och op Ärer Websäit ze integréieren : energieauer.lu