D‘Ëmweltberodung Lëtzebuerg asbl (EBL) ass ab Januar 2026 offiziell Koordinateur vum Projet „Green Events“. Dëst fir d‘Ënnerstëtzung vun nohaltege Veranstanstaltungen auszebaue, mam Zil, Eventer am ëffentlechen a privater Secteur méi ëmweltfrëndlech ze gestalten. D’Ekipp vu Green Events ennerstëtzt d’Organisatoren bei der Offallvermeidung, dem Akaf vu lokale Produiten, dem Asaz vun erneierbarer Energie, der Promotioun vu nohalteger Mobilitéit a villes méi.

Zesumme mat der SuperDrecksKëscht, déi de Projet scho vill Joeren begleet, weiderféiere wäert, steet d’Ekipp vun der EBL de Veranstalter vun Events gratis mat enger professioneller Berodung a prakteschen Tipps zur Ëmsetzung zur Säit.

Zanter 2019 schon zeechent „Green Events“ besonneg nohalteg Veranstaltungen aus.

Dës nei Partnerschaft tëscht der EBL an dem Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit soll d’Initiativ stäerken an weider ausbauen.

Wëllt Dir Äert Event och méi ëmweltfrëndlech gestalten?

All Informatiounen zu nohaltegen Events fannt Dir op www.greenevents.lu oder mellt Iech direkt bei eis : thinnes@ebl.lu.